
Mäi Parcours
2008, zu enger Zäit wou ech gesondheetlech zimlech ugegraff war, sinn ech op komplementär Heel-Methode gestouss an hu begraff, wéi wichteg et ass, de Mënsch ganzheetlech ze kucken an op d'Sich vun der Ursaach vun engem Leiden ze goen!

Parallel zum Traitement vum Dokter, deen op eisem physesche Kierper schafft, kann ee villes bewege mat Methoden an Techniken, déi op energetescher respektiv emotionaler Ebene usetzen. Am energetesche Kierper kann ee Blockaden an Ongläichgewiichter scho feststellen, ier se sech als Krankheet kierperlech manifestéieren. Wann een also do usetzt, kann ee mat Energie"medezin" präventiv villes erreechen andeems een d'Selbstheelungskräfte vum Kierper ureegt.
2009 hunn ech mäin 1. Cours an déi Richtung gemaach: Quantum Touch beim Gabi Holthausen zu Bensberg (D) – eng flott Erfahrung!
2010 hunn ech dunn d'Anita Derume an de Georges Brosius kennegeléiert, an no mengem 1. Reiki-Cours bei hinnen hunn ech mech direkt ugemellt fir d'Schamane-Coursen, sou begeeschtert war ech. Während 3 Joer sinn ech ëmmer nees mat vill Freed op den Haff gefuer fir weider ze léieren – et war ze vill spannend fir opzehalen ;) Vill nei Frëndschafte mat Gläichgesënnte sinn do entstan!
Eppes woufir ech deenen 2 dankbar sinn ass, dass si eis geléiert hunn, mat 2 Féiss um Buedem ze bleiwen! Mir liewen am Hei an Elo, an och (oder grad!) wa mir mat Energië schaffen, ass et wichteg, dass mir geäerd sinn a Mënsch bleiwen!
2013 war ech du fäerdeg mat menge Coursen – awer kee wäit a breet, deen sech wollt op meng Brëtsch leeën... Also weider: iwwer ee YouTube-Video hunn ech CantorHolisticTouch kennegeléiert a wousst: dat do wëlls de och nach léieren! Di éischt 2 Coursen hunn ech beim André Gillessen an der Äifel gemaach, dee leschten Deel hunn ech 2014 dierfte bei der "Mamm" vun dëser Method, dem Christine Strübin am Bayrischen Wald léieren. Eng ganz extra Zäit war dat, mat ville wonnerbaren Erfahrungen.

An dunn ... endlech ... waren d'Leit do :) Lues awer sécher huet meng Stuff sech gefëllt - et huet sech erëmgeschwat, dass een no esou enger “energetescher Massage” riskéiert, gaaaanz entspaant heemzefueren ;) A well ech nit mi d'Stuff wollt beleeën ass dunn de Keller ëmgebaut ginn an ech hu mäin eegent Behandlungszëmmer kritt :)
Well awer esou vill an dëser Richtung ugebuede gëtt, an dat eent méi spannend ass wéi dat anert, hat ech es nach ëmmer nit genuch: 2013 / 2014 hunn ech beim Angela Frauenkron-Hoffmann eng Serie Coursen iwwer biologescht Dekodéiere gemaach an 2014 war ee Basis-Kinesiologiecours un der Rei beim Karin Brügelmann.
2015 stoung dunn och nach eng Serie Owescoursen iwwer di 12 éischt Schüsslersalze um Programm beim Susanne Zuschke.
D'Ausbildung zur Reiki-Lehrerin hunn ech ebenfalls 2015 gemaach, a quasi “en passant” huet et sech dunn erginn, dass ech och nach déi fir schamanesch Berodung ze enseignéieren drugehaang hunn. Haut däerf ech also elo aner Leit an di spannend Aarbecht mat den Energien aféieren! Eng wonnerbar Aufgab déi ech mat Häerz a Séil maachen :)
Am Hierscht 2015 sinn ech schlussendlech an engem Emmett-Workshop gelant, a well ech di Method genial fanne fir de Kierper op eng einfach Aart a Weis a séier z'entspanen, hunn ech direkt och nach d'Ausbildung zum Full-Practicionner beim Barbara Schygulla ugefaang. Am Kader vun dëser Ausbildung an der Emmett-Technique, hunn ech Enn 2016 och nach ee Basis-Anatomiecours beim Sandra Wegeng zu Bremen gemaach. Hatt huet et fäerdegbruecht, eis den Opbau vum mënschleche Kierper op eng flott Manéier no ze bréngen an eis virun allem an d'Welt vun de Muskelen an de Faszien anzeféieren.
Frënn vu mir waren am Arthur Findley College zu London/Stansted. Als bekennenden Harry-Potter-Fan wollt ech och onbedingt eng Kéier op "Hogwarts", wéi dësen englesche Manor ënnert de Kollegen, déi schonn do waren, genannt gëtt. Ufank 2017 stoung also ee weidere Schrëtt un: Trance Healing am "spooky house"... Eng wonnerschéi Woch hunn ech do dierfen erliewen, an där ech vill Neies geléiert hunn ënnert der Leedung vum Jenni Gomes an hire Kollegen. 2018 hunn ech ee weidere Cours am Trance Healing gemaach, dëss Kéier beim Jackie Wright, eng vun de Professorinnen am Arthur Findley College, wat op Lëtzebuerg komm war fir eis an engem wonnerschéine Kader ee wonnerbare Cours ze halen.
Ufank 2018 hunn ech e puer Ateliere beim Sabine Kinzinger gemaach, wat mech an d'Welt vun den äthereschen Uelecher agefouert huet a mech iwerzeegt huet, bei klenge Boboen emol fir d'éischt dës Alternativ ze probéieren ier ech zu de Medikamenter gräifen.
Mat der Pandemie, duerch déi ab 2020 all Präsenzcoursen zimmlech ageschränkt gi sinn, sinn ëmmer méi Onlinecoursen ugebuede ginn. Zäit war genuch, an esou hunn ech profitéiert fir mech online beim Alberto Villoldo, Sandra Ingermann, Dr Joe Dispenza, Anke Evertz an Alicia Kusumitra weiderzebilden. An och no der Pandemie ass dëst eng flott Manéier bliwwen, fir bequem vun doheem aus villes ze léieren, wat mech interesséiert. Esou stung Enn 2023 e wonnerbare Cours iwwer "Soul Reconnection" beim Roel Crabbé un. 2024 ass et weidergaang mat e puer interessante Coursen an der MathiasBernerAkademie zum Thema Homöopathie a Radionik.
Fir de Moment ass dat elo mol alles. Ech weess awer elo schonn, dass ech wëll weiderléieren! Et gëtt sécher nach vill aner flott a spannend Saachen ënnert der Sonn, déi derwäert sinn, dass ech mer se ukucken ;)
Meng Methoden hëllefe mir dobäi entspaant ze bleiwen. Villäicht och DIR???
"Leben ist nicht genug", sagte der Schmetterling, "Sonnenschein, Freiheit und eine kleine Blume muss man auch haben" Hans Christian Andersen - http://www.bablue.at/de/zitate/